Austria beim Alcatraz

November 2, 2006 blimmi

Sonden
Do haaten mer lauter sou Zweschenfäll an ech krut scho baal eng Krise eier mer fort waren. Ech sin dann gemittlech obgestaanen sin mat mengem Daddy ob den Findel gefuer an, well mer ze frei waren sin mer Kaffi drenken gaangen, sin mer bei Budget gaangen fier den Auto ze kreien deen mer gelount haaten. Mer kommen ran an dei Fra hannert der Teik ganz fein, jo fier waat wier et, an ech sou jo haat en Auto gelount deen an deen Numm an sie jo kee Problem. Führerschein (haat ech), carte d’identité (haat ech och) an Creditkaart w.e.g. Kreditkaart?? Axxess?? Nee geet net? wei geet net? Daat haat keen gesot an wou kreien ech lo eng Kreditkaart hier? Et huet missten eng Visa sin!

Mettlerweil war den Fabrice dann och ukomm an ech hun heen gefrot ob seng Mamm eng hätt. Jo dei huet eng. Majo dann seier heem dei sichen.

Rem ukomm war dei Kakuette nemei am Büro an mer hun missten waarden. Mein Daddy war schon ob 180 mee bon sin daat gewinnt 😉 Rem am Büro alles gemeet, sie Kaart an den Bancomat zupsi an dun jo den Code w.e.g. Scheisse och na daat, den Fabrice wollt just urufen an sie a dier wesst den Code net dann kann ech daat och sou maan. Mer sou jo well ass senger Mamm seng Kaart an heen wees en net. Sie wei net seng Kaart? Jo am Prinzip geet daat awer net! *explodeier* Mee well dier falsch beroden gouft maan ech dann eng Ausnahm. *freu* Mer kreien en Auto.

Sie gett eis den Schlessel, jo ass deen Meriva um Parking. Ech neeeeeeeeeee ech well keen Ee. Jo dun sin mer alt mat engem Meriva gefuer. sier den Kloot sichen an dann bei den Marc. Deen war dann och na net färdeg an sou sin mer am Plaatz um 11 Auer um 14 Auer gefuer. Waat soll et 😉

Ennerwee dann, extra Batterien kaaft fier Walki-Talki’en. Naja keng sou eng gudd Idee 🙂 Vill dommt Gespruddels ennerwee an dann emmer dei Fro: SIN MER GLEICH DO?? MAGALI WEINI SIN MER DO?? no enger Zeit hun ech daat schon nemei heieren.

Geint 9 Auer waren mer dann zu Dornbirn ukomm, mat puer Pausen ennerwee, an mer konnten anchecken.

Den Fabrice an ech kruten dann Zemmer 1304 an gouffen dohinnen geleed. Den Marc an den Kloot hannendrun. Beim Zemmer ukomm, heen Dier ob an den Marc boah daat ass jo duebel sou grouss wei meint, wei onfair ech well och. Tjo mer haaten vill Plaatz an eisem Zemmer.

Dun hun mer na bessi ausgepaakt, sin bei den Marc riwer gaangen hun en klengen Amaretto gedronk, an sin dun schlofen gaangen.

Den eichten Daag war gepackt.

Werbeanzeigen

Entry Filed under: Uncategorized

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Trackback this post  |  Subscribe to comments via RSS Feed

Seiten

Kategorien

Kalender

November 2006
M D M D F S S
     
 12345
6789101112
13141516171819
20212223242526
27282930  

Most Recent Posts

 
%d Bloggern gefällt das: