den 4ten November

Ganz frei sin mer dann beim Mandy obgestaanen 07.30 an wollten eis rausschleichen. et ass awer net sou gaangen well mer zevill Kameidi gemeet hun. 🙂 schnell bei den Fabrice gefuer, fier dann do ze mierken dass meng Posch na beim Mandy steet. Net schlemm mer gin se sichen wann den Auto leinen fier den Kloot. FALSCH dem Fabrice sein FĂŒhrerschein war na dran. Seier em Mandy ugeruf an et ass eis entgeint komm. Ob der Air de Capellen hun mer eis dann getraff. Dun sin mer rem ob Moutfort gefuer. Den Fern huet eis dann dun na ob Mensbesch gefouert an mer sin den Ford Focus ST fier den Kloot sichen gaangen. Ob Bouffer gefuer an den Kloot konnt dun 1+1/2 Stonn vun deem Auto profiteieren. En huet sech gefreet wei en Schneikinnek an eis Iwerraschung ass geing ech soen gelongen.

No deems mer dann den Auto zreckgefouert hun hun mer beim Fabrice giess an ech sin dono heem gefuer. do hun ehc bessi relaxed an hun mech do fÀrdeg gemeet fier rem ob Bouffer ob em Kloot sein B-Day. Do kruten mer dann Fondue an dono hun mer zesummen Carcassone an Hands-up gespillt.

Werbeanzeigen

2 Kommentare November 7, 2006

den 3ten November

Majo do waren mer bei Mandy. Mee daat ganzt war net sou einfa. Ech sin um halwer 3 an Staadt gefuer an mam Fabrice na an Belle Etoile gaangen. Do hun mer na sou Krimskrams gekuckt an en T-shirt fier den Kloot kaaft. Dun na seier an den Cactus ran an schwaarzen Stoff kaaft. Bei den Fabrice rem heem an eis fĂ€rdeg gemeet fier fort. Mer sollten um halwer 7 beim Mandy sin, sin awer reicht um halwer 7 fortgefuer. Geint veierel ob 7 ukomm hun mer dun Raclette giess an dono na bessen Kaarten gespillt. Geint 02.30 sin mer an Bett gaangen an hun ob der „gemĂŒttlecher“ couche gepennt. 😉

Add a comment November 7, 2006

Hei kommen an nexter Zeit na Saachen dran

Add a comment November 2, 2006

Mettwoch

Moies obgestaanen an mol den Film weider gekuckt. Dun huet do een Spaghetti giess an mer wollten der och. Dun sin mer dann mettes bei den Italiener gaangen an hun eng Spaghetti giess. Am Fong wollten mer Pankescher maachen mee bon hun eis dun aanescht decideiert.

Nom Iessen sin mer zreck gaangen an ech hun em Marc Poker beibruet. Dono hun mer na eng Partie Carcassone gespillt an mat Triominos obgehaalen.

Dono sin mer dann eropgaangen an hun alles zesummen gesicht fier Pankescher. hm em Marc seng Schossel war awer bessi kleng dun hun ech einfa seng Biitchen geholl an dei eng keier gespullt. Aussergeöhnliche Situationen erfordern aussergöhnliche Massnahmen 😉

Dei nach gemeet an giess an dun ass et och ob den Wee heem gaangen.

Moment ech hun jo eist spektakulÀrt auschecken vergiess.

Den Fabrice an ech hun alles zesummen gepaakt an an den Auto gemeet. Dun sin mer an Receptioun gaangen fier den Schlessel ofzegin. Dun huet en den Numm gefrot an ob mer en PrĂ€is ausgemeet hĂ€tten. Am Hannerkapp haaten mer eppes vum Marc vun 35 Euro an soten, jo mer mengen 35 Euro sin awer net secher. An heen daat ass awer belleg. Mer hm jo… wann mei dann bezuelen mer mei. an heen sou Moment. Deeg gezielt eis gekuckt…. Na passt scho Stempel ob Quittung ennerschriwen an mer hun do logeiert fier 35 Euro. Mengen mer gin mei oft zreck 😉

Add a comment November 2, 2006

Denschden

Den Daag war endlech do! Mer sin als eicht ob Innsbruck an dann ob MĂŒnchen gefuer.

Mer sin moies um 9 Auer fortgefuer an waren Owes geint 8 erem. 🙂

majo well d’Jongen(Fabrice an Kloot) mech duerch halef MĂŒnchen gejoot hun. FUER LENKS NEE RIETS NEE RIET AUS, dun hun ech fonnt sie keinten mat mer shoppen goen.

ech hun se dann och an all GeschÀft mat gezunn wat ech fannen konnt (an et waren der vill ;))

do dono sin mer dann ganz erschöpft vum shoppen heemgefuer. Den Marc wollt owes na mat eis fetzen goen, mee nemmen den Kloot war na fit genuch fier mat. Den Fabrice an ech sin eropgaangen an hun en vun mengen neien DVD’en gekuckt. No enger Zeit ass en awer an sein Bett gaangen an ech wollt staark sin an den DVD fĂ€rdeg kucken.

Sou geint 00:22 huet den Marc dann verzweifelt probeiert an Haus ze kommen! Heen haat em Kloot den Schlessel gin well deen eichter heemgaangen ass an heen stoung dun fierun der Dier. Ah jo wann een Owes na ran oder rauswell dann muss een sou en BĂ€dg hun. jo dun huet en mol em Kloot ugeruf an deen huet neischt heieren dun huet en an sengem Zemmer ugeruf, do huet den Kloot o neischt heieren, dun huet en mer ugeruf ech hun neisht heieren, war jo na emmer an mein Film vertieft. Bis en dun em Fabrice ugeruf huet an deen en heieren huet an em Dier ob maan gaang ass.

Beim Lanschtgoen ass em Fabrice meng komesch Positioun obgefall an en huet geduet geing daat vum selwen Ă€nneren. Rem ropkomm an ech loung anscheinend na emmer sou lusch do. dun huet en mer mol den Brell ausgedoen an wollt mech mei bequem leen. En zitt mer meng Ärm ewesch (meng Steipen) an ech faalen voll mam Gesiit ob Matraz. Hun ech eppes matkritt?? Nö hun weider gepennt. Dun seier den Laptop aus an rem schlofen.

Add a comment November 2, 2006

Meinden
Jo dun haaten mer schon eng Nuet do geschlof an et huet een relativ gudd an deenen Better geschlof. Moies klappt et un der Dier, Dier geet ob Botzfra kuckt eran geseit meng Feiss am Bett dreint em an sperrt Dier rem zou 😉 Den Marc haat Schoul an mer konnten relax bessi Geigend erkundegen. Mee daat nemmen well mer Honger haaten. Mer sin dann mol kuerz bis an den Aldi gefuer an hun Saachen kaaft, bis mer gemierkt hun dass et schon speit wier an den Marc gleich aus der Schoul keim. Seier rem zreckgefuer an brav ob den Marc gewaard.

Dun wei heen do war hun ech eis mol eng Nuddel gekacht an den Marc ass dono rem an Schoul gaangen. Dono sin ech schreiwen gaangen (scheiss rapport) hun daat jo och missten maan, an den Fabrice an den Kloot sin rof Fernseh kucken gaangen. Iergendwann hun ech mech derbei gesellt an wei den Marc rem war sin ech na schreiwen gaangen an sie sin Billard spillen gaangen.

Owes sin mer eng Pizza nammen gaangen an dono hun ech na en Beierchen beim Marc gedronk an sin dono schlofen gaangen. Fier den Daag dono fit ze sin

1 Kommentar November 2, 2006

Austria beim Alcatraz

Sonden
Do haaten mer lauter sou ZweschenfĂ€ll an ech krut scho baal eng Krise eier mer fort waren. Ech sin dann gemittlech obgestaanen sin mat mengem Daddy ob den Findel gefuer an, well mer ze frei waren sin mer Kaffi drenken gaangen, sin mer bei Budget gaangen fier den Auto ze kreien deen mer gelount haaten. Mer kommen ran an dei Fra hannert der Teik ganz fein, jo fier waat wier et, an ech sou jo haat en Auto gelount deen an deen Numm an sie jo kee Problem. FĂŒhrerschein (haat ech), carte d’identitĂ© (haat ech och) an Creditkaart w.e.g. Kreditkaart?? Axxess?? Nee geet net? wei geet net? Daat haat keen gesot an wou kreien ech lo eng Kreditkaart hier? Et huet missten eng Visa sin!

Mettlerweil war den Fabrice dann och ukomm an ech hun heen gefrot ob seng Mamm eng hÀtt. Jo dei huet eng. Majo dann seier heem dei sichen.

Rem ukomm war dei Kakuette nemei am BĂŒro an mer hun missten waarden. Mein Daddy war schon ob 180 mee bon sin daat gewinnt 😉 Rem am BĂŒro alles gemeet, sie Kaart an den Bancomat zupsi an dun jo den Code w.e.g. Scheisse och na daat, den Fabrice wollt just urufen an sie a dier wesst den Code net dann kann ech daat och sou maan. Mer sou jo well ass senger Mamm seng Kaart an heen wees en net. Sie wei net seng Kaart? Jo am Prinzip geet daat awer net! *explodeier* Mee well dier falsch beroden gouft maan ech dann eng Ausnahm. *freu* Mer kreien en Auto.

Sie gett eis den Schlessel, jo ass deen Meriva um Parking. Ech neeeeeeeeeee ech well keen Ee. Jo dun sin mer alt mat engem Meriva gefuer. sier den Kloot sichen an dann bei den Marc. Deen war dann och na net fĂ€rdeg an sou sin mer am Plaatz um 11 Auer um 14 Auer gefuer. Waat soll et 😉

Ennerwee dann, extra Batterien kaaft fier Walki-Talki’en. Naja keng sou eng gudd Idee 🙂 Vill dommt Gespruddels ennerwee an dann emmer dei Fro: SIN MER GLEICH DO?? MAGALI WEINI SIN MER DO?? no enger Zeit hun ech daat schon nemei heieren.

Geint 9 Auer waren mer dann zu Dornbirn ukomm, mat puer Pausen ennerwee, an mer konnten anchecken.

Den Fabrice an ech kruten dann Zemmer 1304 an gouffen dohinnen geleed. Den Marc an den Kloot hannendrun. Beim Zemmer ukomm, heen Dier ob an den Marc boah daat ass jo duebel sou grouss wei meint, wei onfair ech well och. Tjo mer haaten vill Plaatz an eisem Zemmer.

Dun hun mer na bessi ausgepaakt, sin bei den Marc riwer gaangen hun en klengen Amaretto gedronk, an sin dun schlofen gaangen.

Den eichten Daag war gepackt.

Add a comment November 2, 2006

Test

mol kucken ob ech daat hinkreien fier eppes ob desen blog ze schreiwen 😉

Add a comment November 2, 2006

Hello world!

Welcome to WordPress.com. This is your first post. Edit or delete it and start blogging!

1 Kommentar November 2, 2006

Seiten

Kategorien

Links

Meta

Kalender

August 2019
M D M D F S S
« Nov    
 1234
567891011
12131415161718
19202122232425
262728293031  

Most Recent Posts